De MULLEBUTZ-CD ♯2 (oder Bloen Disk) mat 18 Lidder ass mëttlerweil an den 2ten Drock gang, well d’Nofro sou grouss ass.
.
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasermatrousen kommen vu hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg a let me tell you: si si wibbeleg! Aus der ganzer Welt hu se Lidder matbruecht fir déi kleng & grouss Piraten un d’Bougéiere ze kréien: DANZEN, SPRANGEN, SANGEN… Haaptsaach gutt Laun. Och d’Madame Li well, dass hir Matrouseband fit gëtt an a Form kënnt.
Déi erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel.
Bekannte Vollekslidder & Songs vum Pir Kremer, Georges Urwald a Romy Grangenet treffen op Greatest Hits aus den leschten Joerzéngten vun The Cure, Sister Sledge a Ray Charles. Op lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un.
KOMMT SANGT A DANZT MAT EIS!